Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Eppelduerf

Eppelduerf gouf 1975 als schéin an équilibréiert beschriwwen… wat weiderhi stëmmt. Op Kiermessamschdeg 2011 huet den Hämmelsmarsch seng 222 Awunner op een Iesse mat Kiermesham agestëmmt - eng Initiative vun der Jugend! Di no Hessemillen ass haut e Gruppe-Gîte mat 11 Schlofkummeren. Se läit do wou d'Kriibsebaach an d'Wäiss Iernz leeft. Hiren Haff huet eng Poart, wéi s’ëm 1795 gebaut goufen. Rondrëm d’Duerf an der Gemeng Iermsdref hunn 4 Bauerenhief Wise mat Äeppelbeem… Iermsdref preparéiert d'Fusioun mat der Gemeng Miedernach a béid heesche nom Joreswiessel offiziell Äerenzdallgemeng.

Eppelduerf (Eppeldorf) war am Joer 915 als Epplendorf ernimmt …an 20 Joer virdrun, also 895 als Oppilendorf. Deemols goufen Gidder-Schenkunge vum louthrenger Kinnek Zwentibold senger Virfueren un Iechternacher Kanoniker bestätegt. Dat sëlwer Kräiz am Wopen weist op d’Abtei Iechternach hin. - Ënner a no Karel dem Groussen goufen ageklemmt Uertschafte am ‘Gabelungswénkel’ vun zwee réimesche Kiemen wéins hirer spezieller Lag zur Por gemat! Ee Beispill dofir ass d’al Por Eppelduerf mat de Filialen Iermsdref a Folkendéng. Den hellege Lambert gëtt hei als Kierchepatréiner veréiert säit 1738; seng Statue weist ën a Liewensgréisst op engem Troun iwwer dem gëllenen Tabernakel. D’aktuell Kierch nieft der Wäisser Iernz staamt aus der Zäit, an där mir duerch d’éisträichesch Herrschaft en ekonomeschen Opschwong kruten. D’al Kierchemauere goufe 1758/59 ënner Regie vum Tirouler Steemetzer a Skulpteur Sigmund Mungenast ëmgebaut an den Tuerm am Neibau intégréiert. De Carlo Hemmer nennt se architektonesch wéi och vum Miwwel hir e Kleinod. Si huet e geschnëtzte nei polychroméierte barocken Haaptaltor aus Steen mat héijem Opsaz a verschidde schéi Statuen (säitlech z..B. eng beschwingt helleg Lucie an en hl. Johannes). D’iwwer 300-järeg Säitenaltär hunn en elegant Madonnen- an e Willibrord-Bild. En Hiweis, datt s’aus der aler Iechternacher Abteikierch komme sollen, sinn hirem Frère Philippus Matthei säi Numm an den Antependien… plus en Abt-Wopen. Hir véier Beichtstill aus dem Franziskanerklouschter vun Dikrech goufen an der franséischer Revolutioun gesteet. De Priedegtstull mam Moses mat de Gesetztafelen um Schalldeckel schreift de Mechel Rodange dem Öhmchen Märten, dem Waldbëlleger Schräiner Martin Kolges zou… Säi Pendant, den Dafbecken, huet e konschtvolle Baldachin mat Schutzengel. 1968 gouf d'Kierch e Monument classé. Zur Konscht am allgemengen eng Erkenntnes vum Architekt Jean Petit…’wann e Wierk ‘poésie, beauté, décor’ ass fir de Bewonnerer… ass et ‘interrogation, labeur, souffrance’ fir de Kënschtler!’

Vun Eppelduerf goung fréier e ‘Massewee’ op Iermstref an en „Doudewée“ op Bigelbaach, wat op Zesummenhalt vun den Dierfer hiweist. An ‘t goufe 1900 hei 2 Caféen… Dat herrschaftlecht Härenhaus aus dem 18. Jh mat romanteschem Gaart a Vue op d’Éislek, bitt als neië Centre Culturel säit kuerzem de Kader fir d’Äppel-Fest a fir Stänn mat Kalbasse, Nëss, Gebeess a frësch gekelterte Viz. ‘t ass ewell ongeféier 2 Joer och ‘maison relais’ fir d’Spillschoul. D’Eppelduerfer Fiichtzon a seng Dréchewiss si béid remarkabel an hirem Genre an hu rar Planzen. An... lokal heesche kleng Knachen vum Hong hei ‘Krujhelen’ an d’Kopplabunz eng ‘Bockendus’…! 

PS. Eppelduerf läit tëscht Bettenduerf an Beefort, op enger Héichte-Moyenne vun 280 Meter. Déi héchste Plaz ass ‘op Tinnes’ mat 411 Meter, an déi déifsten un der wäisser Iernz mat 220 Meter. Um Territoire vun Eppelduerf hunn zwou Baachen hir Quellen, d'Kriibsebaach an d'Méideschbaach... Seng Awunnerzuel war am Summer 2011 genee 222 an 10 Joer virdrun 177... wat en Zeechen ass, datt et de Leit hei gutt gefällt.