Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Duelem

Duelem an der Gemeng Garnech hat 1905 just 25 Menage mat 149 Leit. Et ass am Laf vun 111 Joer zueleméisseg net stoebliwwen – et konnt sech mat ewell 424 Awunner bal verdräifachen. ‘t gëllt schonn eng Weil mat sengen Nopeschdierfer als “partie intégrante du poumon vert’’ vun der Haaptstad. Eng wichteg Roll an hirer Gestioun ass dofir d’Erhalen an d’Restauréiere vun engem diversifiéierte ‘mosaïque paysager.’ Déi zwee ural Dierfer mam Numm Duelem, (an de Kantone Kapellen an Réimech) hunn als orthographesch Differenz den h an den l vertosch (Dahlem - Dalheim) an dat éischt huet keen i! Béid weisen Google no op den ëmgedréiten Numm Heimdall hinn aus der viirchrëschtlecher Mythologie. D‘Nordgermane gesouchen am Heimdall de Papp vum Dag, de Wiechter vun de Götter an vun der Bréck ‘Bifröst’ - d.h. dem Reebou. Aner Explikatioun: Dal, Del, an Dallen ass d’keltescht Wuert vu ‘Schutzdaach’ - eng schéin Symbolik… (Leider stoung um Flouer ‘op Dallemer-ban’ fréier e Gaalgen.)‘m’

D’Duerf war schonn am Joer 650 erwähnt wéi de Remaclus d’Kléischter Stablo an Malmedy gegrënnt hat an duerno ënner Karel de Groussen. Dësen hat d‘Abtei Iechternach ënner dem Abt Beornrad (+797) mat Eegegidder vun ë. a. Dippech, an ‘Dahlem’ beschenkt. D’Héichten, d.h. d’Crête déi vum Réibierg a Riichtung Duelem a Schuller féiert, scheed säit éiwegen Zäiten d’Waasser-Basénge vu Meuse a Rhäin. Sinn hei allgemeng kaum Detailler bekannt, war d’Liewe fir d’Leit mol eng "vallée de roses" mol eng “vallée de larmes". (J. d'Ormesson). 1525 hat Duelem 8 Feierplazen an nom Kadaster vu 1766 och 8 Hausbesetzer mä 11 Chaumièren. Säin am selwechte Joer (fir 500 Daler) gebaute Paschtoueschhaus an d’Vikarshaus louche wéi e "fer de cheval" ëm d’modest Kapell. D’Brandkatastroph vum 12.05.1785 hat dës an d’Hallschent vun de stréihbedeckten Haiser zerstéiert. Duerno goufe Massen am Fräie gehalen. D’neit 1806 konsekréiert Gotteshaus sollt de Garnecher Här als “einfache, mit einer gewölbten Bretterdecke versehene, doch recht nette, von den Dorfbewohnern erbaute Kapelle” bezeechnen. Et besteet nach haut. Säi Barockaltor vun ëm 1755 mat den dräi Hellege Kinnecken aus dem Iewerlenger Schlass krut d‘Kritik ‘ze pompös fir d’bescheide Plaz’! D’Fest vum éischte Patréiner St. Remi war am Muselraum “St. Remeis-Dag ". Hei erënnert säit 1886 eng Klack vu 67 Kilo un den hl. Beschof vu Reims, an d’Fënstren datéiere vun 1889. Säit der leschter Renovéierung beräicheren en niddregen Altor an en Ambo aus geschlaffenem Glas vum A. Deville de Chouer.

Wéi Duelem 1807 Filial vun der Por Garnech gouf hat et grad emol 76 Awunner. (J. Weydert) Et koum dann 1823 aus der Gemeng Dippech an d’Garnecher an ass gewuess. Och d’Stroossennetz gouf vergréissert, der Dräikantongsstrooss hirt Deelstéck Duelem-Betten/Mess war 1849 an Aarbecht. Aus där Zäit, vun 1852, datéiert eng allgemeng Duerf-Analyse: Si deelt d’Bewunner a Klassen; di 1. hat deemols Abondance vu Gromperen, Brout a Fleesch, di 2. Suffisance, mä net ëmmer Mëllech, di 3. genug Gromperen, knapps Brout, di 4. kee Fleesch, mä Mellech, an di aner hu vun der ‘charité chrétienne’ gelieft. (Curé d’Erpeldange.) Am selwechte Joer gouf et am Nopeschduerf vu Garnech eng archeologesch Entdeckung. Beim Reparéiere vun der agefallener Duelemer Kierfechsmauer sinn e Meter ënner der Strooss eegenaarteg Mauerreschter opgefall. Offesiichtlech waren de Pavee aus véiereckege gebrannten Zillen an d’kleng mat Zille gebauten a beluechte Sailen vun engem Hypocauste! (Esou ënnerierdesch réimesch Foussbuedemheizungen hate räich privat Buedraim an öffentlech Thermen.) Sollt hei emol e réimesche Gutshaff oder vläicht e Réimertempel stoen? Dem Pfarrer Schaack no ‘ruhen der Kirchhof und die Kapelle von Dalhem auf lauter antiken Substruktionen, Estrichen und Mauerresten.’ (Pr. Stronck, 1863) (Bei offizielle Fouillen um ‘Réimer Camp’ vum aneren Duelem goufen dee Moment zwou Minerven fonnt.)

Dass d'Awunner hir Kapell "Duelemer Kierch" nennen kléngt deels no Geltungsbedürfnes, deels no Ironie. Allerdengs hat s‘als Porkierch virun 1801 d‘Annexe Schuller, Sprenkeng an Dippech. Op der Ferraris Kaart stinn do méi grouss wéi kleng Häff. A mat den ‘Hellege Kinnecken’ gouf vläicht och d’Iewerlenger Devise “Stella duce” (conduit par l’étoile) iwwerholl. Denkt ee beim Uertsnumm un d’ewell ernimmte Figur vum ‘Heimdall’, de Wiechter vum Rebou, symboliséiert dee mysteriéise Phänomen Hoffnung an e Schutzdaach, an seng Faarwe maachen “dem Himmel seng Tréine méi douce”. (K. Talnop). Dës Zeil gëllt natierlech och bei manner poeteschen Uertsnimm. Biller vum remarkablen Duelemer Bam kéinnt e Reebou nach verschéineren... Den Thema Reen a Waasser leet zréck an d’Aktualitéit. Do stinn net wäit vuneneen den ale sechseckegen ‘Dolemer’ (Schreifweis Huss an Engelmann.) Waassertuerm an de moderne vum Réibierg, deen niewebäi e Repère fir d’Aviatioun gouf.

P.S. Zum Schluss nach divers Fakten, déi di 43 Nationalitéiten aus der Gemeng intresséieren. Duelem huet beispillsweis e puer Spillplazen, eng modern école préscolaire, eng maison médicale, den Turnveräin ‘De Kopplabunz’, d’‘Schmunzelkëscht’ ‘an e Spuerveräin ‘De leschte Su’! D’ ‘Pyrrhus movie production’ mécht et do säit 1999 inventiv audiovisual Produktiounen. An de ganz neie Projet, dass Koler e Kino kritt, freet sécherlech net nëmmen d’Filmfrënn aus der 2060 awunnerstaarker Gemeng! Flott Trouvaillen déi ronderëm Duelem am Diktionnär stinn sinn ë.a. Dal(l)emdëschtel fir Daudëschtel an den ale Sproch bei enger räicher Ierfschaft “d'Dalere mam Sieschter moossen.” D’Wuert Dalem ouni h sollt emol am Süde vum Land en ‘Dommerjan’ sinn, d.h. een, deen d'Dommheet mam Schaumläffel giess hätt (Engelmann). - Ee vun den intressanten a wuelhabendsten Uertsdeeler vu Berlin heescht iwwregens och Dahlem.