Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Granzen

D‘Charakteristike vu Granzen a sengem Entourage gi beschriwwen als Deel vun engem Espace naturel, mat ‘paysages d‘une grande beauté et faible densité de population.‘(P. Katow, La Voix) ‘t läit ofsäits vun der E421 Wämperhaardt-Waldhaff an ass mat 21 Awunner eent vun de klengen Dierfer aus der Gemeng Clierf. ‘t war fréier an där Hengeschter. D’Kanner ginn op Reiler an d’Schoul (wou de Bicherbus passéiert.) Un d‘Grandsenerbaach léisst d‘al franséisch Wäisheet ‘Erwaard keng grouss Fësch an enger klenger Baach’ sech adaptéieren. D’landwirtschaftlech genotzte Fläch vum Uert war 2003 mat 60 ha Feld an 31 ha Wiss agedroen an d’Distanz zur Stad mat 64 km. ‘t huet zwee nei Haiser an nieft der Haaptstrooss nach d’Dricht. Virun 30 Joer hat et dräi Baueren an ganz fréier siwen; haut ass do nach een. Granzen schreift de Luxdico mol mat z (wéi d‘Stroosseschëld), mol mat ds (wéi d‘Telefonsbuch.) Et läit iwwregens um Breedegrad 50,08 wéi Wiesbaden a Prag.

Zou an ëm Hengescht hate fréier d‘Herrschafte Clierf an Ouren d‘Soen, (d‘symetrescht Ankerkräiz am ale Gemengewopen weist op d‘haut belsch Uertschaft hinn.) Dierfer mat hausen als Endung kënne bis an d’5. Joerhonnert zréckgoen; se gëllen als fränkesch Grëndungen u Kräizunge vun Handelsweeër. Vill Generatioune sinn duerno ‘parti compter les étoiles‘ wéi et zu Tahiti heescht… Laang Zäit waren d’Grenze vun der Fräiheet enk zesummegeréckelt, mä ‘der gebliebene Raum blieb umso mehr sicher und in diesem Freiheit gewährleistet.’ Vill mächteg Häre stoungen an fir hir ‘Untertanen’. (Kalbersch) D‘Ferrariskaart weist ‘Grandhausen’ südlech vun Hëpperdang an nordwestlech vun der ‘montagne Graentzer’! Eng Google Trouvaille bréngt eis d‘englescht Duerf Little Grandsen méi no, (e village 11 miles from Cambridge’) mat ëm 260 Leit an engem vun 'Granta or Grante' derivéierten Numm. (D‘ewell ernimmten Endsilb hausen an haus, an de Familjennumm Hauser désignéieren ‘celui qui vivait dans une maison isolée ou dans une demeure plus riche que les autres.’(J. Tosti) Ob zum Uertsnumm nach aner Erklärungen bestinn ass net erwisen. Secherlech onerwaard war d‘Resultat vum Europäeschen Duerferneierungspräis 2004. 1. war Ummendorf, Sachsen-Anhalt, 2. Auersbach a. d. Steiermark an 3. gouf eis Hengeschter Gemeng ‘als herausragendes Beispill für nachhaltige innovative interkommunale Wertschöpfung!’

D’nom Krich gebauten Duerfkapell koum op eng dofir geschenkte Plaz un der Haaptstrooss... S’ass wuel kleng, mä huet sech dem Henri Keup no ‘verflicht di Helleg an hire Schöpfer virun de Launen vun der Éislecker Natur ze schützen’. Di lokal Helleg sinn d’Theresia, den Celsus an d’Tréischterin. Den eelere klasseschen Tabernakel staamt aus dem Virbau. De Raum huet aacht Fënschtre mat geometreschen Ornamenter an douce Faarwen an e visiblen Daachstull. Zu Grandsen ass op ‘Ustermondig’. d‘traditionell Celsusfeier. Dobäi ‘giänn no der Mass ëm 10 Auer Päerd, Autoen, Trakteuren an aner Gefierer viran der Kirich ënnert de Sege vam helligen Celsus gestallt.’ Beim uschléissende ‘Frühschoppen’ mat Grillwurscht, Gedrinks a Kiermesdrëpp zirkuléieren eventuell nach typesch éisleker Formuléierungen wéi s‘am Rénert opdauchen; vun dëse sot de Rodange sengerzäit… ‘Datt ech net ëmmer esou schruf, als wéi ee rondëm de Knuedlergaart schwätzt, dat mécht der etlech vläicht motzeg, ma d'Baueren, d'Éislécker, d'Iechternacher an d'Veianer hu beino Spaass drun. Dat laangt »an du hunn ech geschriwwen«, wéi een am Guttland seet, konnt mer keemol gefalen, du fonnt ech am ganzen Éisleck den Imperfekt, an ech schruf an ech schrouf’. Zur Kapell schrouf Wikipedia, dass se zur Par Hëpperdang, dem Parverband Klierf an der Pastoralregioun Norden zielt. Dass d’Dierfchen 1848 mat 41 ronn duebel esou vill Awunner hat wéi haut beandrockt.

En Netz vu Weeër verbënd Fëschbech, Hëpperdang, Iischpelt, Grandsen an Hengescht. ‘t läit op 495m Héicht iwwer groussen Däller, an deene sech emol d’Clerf an Our a Nord-Süd-Riichtung bis op 360m agruewe sollten. Op héichgeleeëne klenge Stroosse goufe fréier am Spéithierscht tëscht den éisleker Dierfer rout-wäiss gesträifte Poteauë gesat, fir bei Schnéi (-wehen) d’Orientéierung net ze verléieren. (Monographie Oesling, Angelika Thomé, Ed. Binsfeld.) D‘Krichs-Kaart vum Front-Ofschnëtt Clierf-Housen vum 17. Dezember 1944 illustréiert de Virstouss vum 1. amerikanesche Batailloun senger Kompanie D an ‘t gëtt donieft ernimmt, dass dës zu Hengescht, Granzen, Maarnech a Munzen verdeelt war. (E.T. Melchers) Um Enn vum Krich waren hei siwe vun aacht Haiser zu 25% beschiedegt an eent zu 50%. (Zum Vergläich: 19 vun 28 Fëschbecher Haiser hate Schued an 13 vun 13 Saasseler.) (De Cliärrwer Kanton). Ob hei wéi zu Maarnech gläich nom Krich e Brautkleed aus amerikaneschem Fallschiermstoff gebitzt gouf ass net bekannt.

P.S. Granzen, oder heiandsdo och Grëndsen, huet e Klima ouni Häerten, d.h. eng Joeresmoyenne vun 6,5 - 7,5 Grad. Stéchwierder zu zwou lokale Laafrouten informéieren iwwer e Choix vu Méiglechkeeten tëscht Fëschbech a Grandsen: Distanz eemol 5km, Steigung 30hm – oder di zweet 6km laang mat 50m Héichtendifferenz. Wien do e Gaardebaubetrib sicht, fënnt keng Plantatiounen, mä just e Bureau an eng Bôite. D‘Variante vum Begrëf granzen, grandeg. sandeg a käereg kënne sech schonn emol op Geméis bezéien; beklot een sech iwwer eng granzeg Porettenzopp heescht dat, dass hiert Geméis net genug gewäsch gouf... A soss hunn d’Leit do erkannt, dass een ‘d‘Natur nëmmen doduerch beherrsche kann, wann een sech hire Gesetzer ënnerwerft.’ (Francis Bacon)