Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Simmerschmelz

Simmerschmelz heescht en intressante Lieu-dit mat 12 Awunner… um CR104, 19 km vun der Stad. Seng Haiser leien um rietsen Uwänner vun der Äisch, südwestlech vun der Simmerfarm, zu där neierdéngs 80 Leit zielen. Den éischte Januar 2018 koume béid duerch d‘Fusioun vun den Gemenge Simmer an Habscht an di Zweetgenannten. De vum Carlo Hemmer beschriwwene Pad vun de Siwe-Schlässer féiert vun der Simmer-Buerg via Simmerschmelz an d’idyllescht Rued an duerch Bour. E geet weider laanscht d’Entrée vum Aansebuerger Schlass a Richtung Miersch. - De Papp vum Aansebuerger Franz de Raville (dem Grënner vum Héichuewen Simmerschmelz) housch Peter Ernst vu Rollingen. An dësem säi Parrain war de Grof Mansfeld - dee säi ‘Pätterchen’ 1588 als säi Stellvertrieder gefrot hat.

Tëscht Simmer a Rued, wou d‘Baach vum Olmesbur ee Weier fiddert, gouf 1624 eng Schmelz a Gank gesat. (J. Hess) De Franz de Raville hat dem Thomas an Nicolas Bidart vun Dinant de Bau autoriséiert. (Aansebuerg krut deemools e sougenannten ‘Eisewierk‘ an d‘Simmerschmelz ee vun den eelsten Héichiewe vum Land. Den Thomas Bidart huet dës allebéid mat Succès geleed. Hie sollt 1639 no bei d’Aansebuerger Schmelz d’herrschaftlech ’Maison des Forges’ bauen, d'Kärstéck vum SchlassAansebuerg. - Mat Hëllef vu Waasser an Holzkuelen aus den noe Bëscher gouf dann aus Bounäerz Goss gewonnen fir ë.a. Geschir a Waffen hirzestellen. D’Simmer-Schmelz hat ufangs Äerz vu Kënzeg a Hoen verschafft. (D’Holzkuelen hu Bauere mat hire Gespaner erbäi bruet an kruten esou en Nieweverdéngscht.) E puer Joer drop konnt d’Entreprise Bidart d’entretemps veraarmten de Raville’s Propriétéit kaafen. - D’ Ierwschaft vum Thomas Bidart goung 1670 u seng Eedemen. De François de Thomassin krut d'Aansebuerger Schmëdd an den Thomas Marchant-Bidart d'Simmer-Schmelz. 1711 housch den Här vu béide Betriber Thomas II. de Marchant. D’Keeserin Maria-Theresia sollt säi Successeur Lambert Joseph de Marchant et d'Ansembourg 1749 an de Grofestand erhiewen. Méi Detailler kéinnte Bicher fëllen. D‘Wierk vum Jacques Dollar ‘La Simmerschmeltz et les forges d‘Ansembourg‘ zielt eläng 135 Säiten.

Beim Sujet Simmerschmelz ass d’Amélie Picard ervirzehiewen (*1832 Septfontaines +1910 Arlon.) Si hat hir éischt 17 Joer do gelieft. D’jéngst Duechter vum Jean-Pierre Picard, dem “Régisseur-directeur” vum lokalen Héichuewen, figuréiert am Lëtzebuerger Auteurelexikon mat romantesche Gedichter, Novellen an Theaterstécker. (Se krut Auszeechnunge vum Victor Hugo a Leopold II.! D‘Amélie mat där poetescher Oder sot ë.a. “je ne sais pas s’il existe au monde un pays plus poétique que le vallon creusé par l’Eisch“. - 1852 housch de Schmelz Piechter kuerz Zäit Auguste Metz. Duerno goufen d‘jonk Schmelz-Aarbechter Leëndecker a Steemetzer. Zäitweileg huet e Fierschter der Simmerschmelz hiert 1816 gebauten Direktesch-Haus bewunnt. 1905 sollt eng Bréisseler Firma d‘Propriétéit (d.h. Héich- a Kallekuewen, Wunnhaus a Stallunge) kafen. ‘t koum da geschwënn en Hotel-Restaurant an d‘Villa. Den Uerts-Numm Simmerschmelz blouf erhalen. D‘Suite: (1934 hat de Staat dem Besëtzer Jean-Vital Campill 7 ha 45 vum Terrain ofkaaft. E wollt d‘no Simmerfarm als ‘Station d'expérimentation pour plantes médicales‘ notzen. (D‘al Liesch-Kaart dokumentéiert 1860 nobäi eng maison isolée (...wahrscheinlech d‘Farm.) Hannergedanke vum Pierre Dupont sengem Projet war Chômeuren nom Arrêt vun der Stengeforter Schmelz eng Aarbecht ze ginn!

D‘Distributioun vum bekannten ‘Docteur Ernst Téi‘ goung säit Dezember 1975 iwwer d‘nei Pharma Goedert S.A., 1985 koume bei d‘lokal Apdikten 200 Belscher bäi. D‘Produktioun gouf op Mamer, dann op d‘Cap an 2009 a Serbien verluet! D’illustréiert Websiten industrie.lu/simmerschmelz.html an industries.Simmerfarm.lu bidden e geschichtleche Réckbléck op d’Aktivitéite vu béide Plazen. Bei där zweeter weise se beispillsweis 1938 d’Krikox-Fleeschbritt’-Publicitéit an e puer Joer drop d’Likörfabrikatioun, ënner aanrem d’ ‘Anisette’ a ‘Magenbitter’ (an 1963 d’Grenadine.) Wéi den 21.05.1939 zu Simmer e Fräiheetsbaam geplanzt gouf, e Lannebeemchen, war nieft lokalen Uertsveräiner och d‘Belegschaft vun der noer Téifarm present. Am historesch-folkloristesche Cortège vun der Onofhängekeetsfeier hat och e Won un d‘al Simmerschmelz erënnert. - ‘HATEMA’ housch spéider ee Lokatär vun der Simmerfarm, deen am Opdrag vun DuPont de Nemours do vun 1963 bis 1967 fibres synthétiques, dits "Dacron Fiber Fill" produzéiert huet. -Een Tëschebléck op d’Simmerschmelz informéiert, dass do ëm 1910 mam Camping eng nei Etappe ugefaangen hat. Dëse läit no beim fréieren Hotel-Restaurant ‘dans un endroit isolé et vallonné, au milieu des forêts de la vallée de l'Eisch’ tëscht der Léisbech a Rued.

P.S. Net wäit vun der ‘Fonderie’, der Schmelz, weist eng al Kaart den Hermitage St. Michel an déi dem Patréiner vun der Schmëdd a Schmelz dediéierte St. Matteis Kapell. - Der Chronik no waren d‘Betriber natierlech telefonesch z‘erreechen; d’Simmerfarm hat 1960 dräi Telefons-Uschlëss, d’Simmerschmelz een... a Simmer zum Vergläich 71. Op der Farm ginn haut iwwregens Zëmmere verlount mat ‘bed a breakfast’. Soe mer nach dass d‘28 km laang Äisch hei ni Langweil hat an huet! Den Dictionnär vum Engelmann bezeechent d'Äisch nämlech als ‘en Aarm vum Mier’... (Zitat: Hagen). D‘Panestäerzchen séngt do äifreg hiren ‘ziwitt ziwitt’ an e Millerad suergt fir Dekor.