Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Dräibuer

Dräibuer zielt zur Gemeng Wuermer a läit an engem Kessel op 222 m Héicht ronn 100 m iwwer der Musel. Aus der Loft gekuckt falen do e puer grouss Gebaier op. Eent dovun ass de Centre scolaire et sportif, eng Regionalschoul mat Piscine, déi wäitsiichteg Leit geplangt haten. An him sinn zënter 1974 Klasse fir 10 Uertschaften aus de Gemenge Fluesweiler a Wuermer an donieft och e Portiershaus. ‘t läit ‘entretemps e Projet vir d’Schoul op ‘Belleck’ auszebauen! D’Buerg Dreiborn (Trois Fontaines) läit net hei, mä am Nationalpark Eifel, a Jang de Blanne krut si Dokumenter no ‘zu Lehen’!

Dräibuer steet als ‘Dreiborti’ mat Wuermer an engem Text vum Adrien Blanchet  iwwer ‘aqueducs et cloaques’ vun der Gaule romaine. ‘t ass also net verwonnerlech ze liesen, dass ënnerem Wee tëscht den zwou Uertschaften eng Waasser-Leitung louch mat Zillewänn.  - D’Dräibuerer Schlass ass net immens al, 1828 hat de Jean-Mathias Wellenstein vun Éinen et baue gelooss an ‘ t blouf  Besetz vu senger Famill bis 1916. De quasi adelege Jean-Mathias (* 24. Mäerz 1795 Éinen, + 1. Dezember 1870 zu Dräibuer) war Riichter, Minister, Chamberpresident …an Unhänger vun den Oranier. 1839 koum Wëllem den I., de Kinneck-Grand’Duc, bei hien eise Muselwäin schmaachen. 

Een alen Akt weist hei 1901 op d’Distillerie vun der Comtesse de Marchetti hinn - en aneren ernimmt 1912 een Administrateur vum neien Zementwierk Esch-Schëffleng… de Gaston Barbanson de Dreiborn-lez-Wormeldange. Dësen Enkel vum Victor Tesch goung als Stol-Industriellen, Cofondateur an Administrateur an d’Geschicht vun der Arbed an; a spéider sollt hien d’Beggener Schlass ierwen vun der Madame Emile Metz (née Edmée Tesch) à parts égales mam Emile Mayrisch. D’Schlass vun Dräibuer gouf 1946 Staatsbesetz an duerno erweidert als ‘maison d’éducation pour garçons’. ‘t gëtt elo virun ausgebaut als zoue Struktur fir ‘jeunes délinquants’.…An Jonker mat enger kreativer Oder kënnen do z.B. aus recyclabelem Material an der haus-interner Konscht-Wierkstat «3BornArt» Schmock maachen!

Virum Krich waren hei Salesianer Patren. Si hate 1926-27 d’Kapell gebaut… A vun hinne schreift 1932 en ‘Jongheemecht’-Artikel: d’Salesianer zu Dräibuer hu mat hiren Zöglingen Theater gebueden, dee masseweis Publikum aus de Nopesch-Dierfer ugezunn hat. De Pateren hire Patréiner Don Bosco  hat vill Jongenheemer gegrënnt; säi Motto war “Sich d’Séilen aplaz d’Geld”! D’Wuert Patréiner hat vermuttlech fir d’éischt een ëm 333 gebiertegen Tréierer, den hl. Ambrosius am heitege Sënn gebraucht. Aus senger Epoque gouf 1975 hei ee réimesche Sarkophage entdeckt. A bei Ausgruewunge fir d’Zesummeleeë vu Wäibierger goufe Spuren vun enger Villa rustica a rout Daach-Zillen fonnt..  an e bläie Rouer vun enger Waasserleitung …mat Stempel. Kee Wonner, de Kiem Duelem-Niderdonwen koum hei laanscht…  

P.S. De Memorial nennt d‘Riewe vum ‘domaine de Dreiborn’ 1912 am Rapport mat der Riefflaus-Gefor als Nummer 8 vun 18 neie Wäibaubezierker. Haut si seng Wéngerte Staatsbesëtz a verpacht. Rondrëm ass wéinst där gudder Lag eng ‘surface forestière d’intérêt particulier’ mat enger ekologesch wichteger Flora a Fauna. Net ze vergiessen, de Weier dee beim Baggere fir de Remembrement  zur Freed vum Wuermer Fëscherclub entstoung ....an d’Summerkiermes. Si ass zu Dräibuer am CSEE, dem centre socio- éducatif… an ass 2010 op den 20.Juni gefall.