Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Wuermerbierg

De Wuermer Autopedester vu 4 km verleeft queesch duerch d’Wäibierger an domat ronn ëm den ieweschten Deel vum Duerf… Wuermerbierg oder Uewerwuermeldeng huet bal 300 Awunner an eng gréisser Zone Artisanale. Hei wiisst excellente Wäin. A wann de Riesling de Kinneck vun de Wäiner ass, dann ass d’Gemeng Wuermer seng Residenz. Fréier Spuere ginn hei zréck op eng Siidlung vu Kelten a vu Réimer, well ‘t féiert e Réimerwee laanscht dees sonneg Plaz.

Wuermer besteet aus zwee Uertsdeeler, aus deem beschtbekannten ënnen am Dall vun der Musel… an deem um Bord vum Héichplateau, genannt Wormerberreg. Fir d’Awunner vum leschten soen d’Miseler déi ‘Berger’ - an déi genéisse Summer wéi Wanter e groussaartege Panorama! Op ‘Uewerwuermer’ erop geet eng 17 %teg Steigung, d’Berrggaass, fir den Tour de Luxembourg an och schonn emol fir den Tour de France en Challenge! D’Uertschaft weist verschidde schéi verzierten Haiser an e puer historesch wäertvoll Steekräizer op. D’Donatus-Kapell ‘coifféiert’ d’Koeppchen d’aner Säit vum Wormerberreg an ass aus de Mëtt 1920ger Joren; bei hir passéieren den internationale Mëttelmier–Nordeuropa-Pad an de Wäibau Léierpad. Di besonnesch Wäi-Qualitéit bestëmmen de Muschelkaléck am Buedem an d’gënschteg no Süden ausgeriichten Lag. - Mat 13 km Muselufer vun der Hëttermille bis bei d’Deysermillen a ronn 360 Hektar Wäibierger ass dëst d’Gemeng mat der gréisster Wäin-Ubaufläch am Land. Uewerwuermer oder "Wormerberreg" huet 297 Awunner. A vun do staamt de Nikela Entringer, deen dem N. Hein säin Text ‘Mäi Wéngert’ vertount hat, an dëst Lidd gouf fir d’Géigend hei eng Zort National-Lidd. D’Muselmoler Ernest Wurth a Fernand Schons sinn och hei gebuer.

Wuermer ass noweisbar eng vun den eelste Museluertschaften. Dass si schonn zur Keltenzäit bevëlkert war beweisen d’ 1934 op Tomm fonnte Grafstätten. A senger ‘Frühgeschichte des Luxemburger Landes’ schreift de Professer Jos. Meyers iwwer eng Héichtestrooss aus Loutrengen, iwwer déi nei Siidler heihi koumen, an iwwer ganz al Uertschaften déi net méi existéieren! Wuermerbierg huet fréier zur Grofepor Lenneng gezielt, a Wuermer zur Donvener. Béid koumen dann am 19. Jorhonnert zesummen. Eng Zeechnung vum Wendelin, dem Schutzpatréiner, a ville wäisse Schof, dekoréiert d’Wand vun der Uewerwuermer Kapell. Dës gouf nom Krich frësch opgebaut, se huet e Portikus fir eran an ass gutt ënnerhalen.

De Numm ‘Wormeldingen’ fënnt een fir d’éischt an engem Schrëftstéck vun 909 vum Tréierer Klouschter St. Maximäin. A ganz präzis ass den Hiwäis aus dem Joer 1033. Doran heescht et an enger Schenkungsurkunde: „Wurmeringa in pago Mosellano, ubberima in vineis“ – Wormeldingen im Moselgau wär ‘überreich an Weinbergen’. D’räichhalteg Familljechronik vun der bescht bekannter „Rieslingsgemeen” Wuermer vum Prosper Kayser, vun 2001, ëmfaasst 832 Säiten. Een Detail aus engem méi dënne Post-Buch dierft och intresséieren: Wormer hat den 18.2.1888 den Uschloss un d’Stader Telefonszentral kritt .. viru Bascharage an Iechternach!

P.S. Wuermer besteet aus zwee topographesch an historesch getrennten Deeler. Uewerwuermer ass eng vun de sonnegsten Uertschaften. Do koum am 19. Jh. eng Siidlung vu ‘Zréckwanderer’ aus der neier Welt; hir Nokomme wunne wéi op enger Daachterrass mat Panorama-Vue op d’rietst a lenkst Muselufer. (Vläicht war des Vue eng Kompensatioun fir di Enttäuschten, déi hiert Gléck net an engem anere Kontinent fonnt haten...) De Wäin op der lëtzebuerger Muselsäit ass net nëmme sprëtzeg, mä engem ale latengesche Sproch no ganz gesond: ‘Vinum mosellanum est omni tempore sanum’! (Carlo Hemmer)