Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Ettelbréck

Wéins senge Stréidiech war Ettelbréck dräimol verbrannt, seng schlëmmst Feierkatastroph hat 1778 hei 480 Haiser zerstéiert. De Stroossenumm ‘Aeschenhiwwel’ erënnert drun. D'Bierger hunn an hirem Misär d’Landesfürstin Maria-Theresia schrëftlech ëm Hëllef gebieden. Se kruten duerno d'Recht all Mount e grousse Maart ofzehalen. D’Bronzeskulptur vum Will Lofy veréiwegt eng typesch Botterfra als Erënnerung un de Bottermaart. (1781 hat Jousef II. den Ettelbrécker 500 Dukate bewëllegt, mä gemengt.. Juegd a Fëscherei géif se vu méi nëtzlecher Aarbecht oflenken!) Hei war och de gréisste Päerdsmaart am Land an d‘ 'Bounekiermes’. Wéi de 5. Juni 1864 um Kiosk bei der Schoul eis Nationalhymn, ‘d’Heemecht’, fir d'éischt ëffentlech gesonge gouf wousst keen, dass d’Uertschaft emol 7500 Awunner kriit... an seng Kierchesilhouette sech emol op der zwou Tonne schwéierer Granit-Weltkugel vum noe Buer spigele géif!

Ettelbréck krut 1907 den Titel "Stad" vum Grand-Duc Wëllem, zesumme mat Déifferdeng, Diddeleng a Rëmmeléng. D’Origine vu sengem Numm ginn entweder op "Atilbriga" zréck, wat op indogermanesch "fruchtbare Buedem" bedeit, oder op den Hunnekinnek Attila oder "Etzel"; seng wëll Horden haten hei eng Bréck opgeriicht, d’Etzelbréck! E Bléck an d’Stadgeschicht weist d’Plaz 901 als Hettilbrucka, als Besetz vun der Iechternacher Abtei a no 1253 vun Tréierer Hären... Seng Bréck vun 1743 gouf 1914 ersat… da no 30 Joer am zweete Weltkrich zerstéiert an entstoung 1948 nei. Duerch d'Uertschaft fléissen d'Uelzecht an d'Waark. Um déifste Punkt, op 191.5 m leeft d'Uelzecht an d'Sauer, héchste Punkt ass op 386 m am ‘Wald’ zur Feelener Säit. - De Grondsteen vu der heiteger Porkierch gouf 1841 geluet. Wéinst schlëmme bauleche Problemer war hir feierlech Wei dann 1864. Hiren Héichaltor (vu 1909) aus dem Südtirouler Rifesser Atelier huet besonnesch detailléiert Bas-Reliefer mam Abendmahl an der Fousswäschung. Hire Patréiner als den hl. Sébastien, och 'Baast' genannt. D'Fënstere vun de Bridder Probst weisen an de Quierschëffer Zeenen ëm hire Schutzhellegen an d'Stad Ettelbréck - an ëm d'Maria Regina Missionarum helleg Missionären a Mënschen aus aneren Erddeeler. Wéi hir Virgängerin net méi genotzt gouf, koum kuerz den 1. Hotel de Ville an hir Maueren. An d’barockt Paschtoueschhaus koumen de Sëtzungssall mat Glaskonscht vum Zanter, Representatiounsräim an administrativ Büroen. D’Gemeng bestoung laang aus zwee duerch e Passage getrennte Gebaier vu 1726 a 1907. Béid verbënnt haut eng Glas Konstruktioun. D’eeler Bausubstanz gouf deels moderniséiert an den Tableau vun der keeserlecher ‘bienfaitrice’ Maria Theresia krut eng schéi Plaz.

Ettelbréck gouf an der Ardenneschluecht bal ganz zerstéiert.1944 hate Granaten de Kierchechouer an d’Haaptschëff getraff an den Tuerm beschiedegt. Dem Pensionnat Ste Anne säi Réfectoire sollt dunn als Noutkapell déngen. (Soe mer no engem Bléck a méi aktuell Zäiten, dass 1968 d’Säitenaltär aus der Kierch erauskoumen, 1974 eng neie Uergel fälleg war, an dës no engem Brand 1997 restauréiert gouf. Duerno koumen ee Nei-Ustrach, nei Säitendieren, 2001 eng holzen Haaptentrée, uegelehnt un d’al Eisendier, an 2003 nei Kierchestill.) - Um Uert seng Liberatioun duerch de Generol George Patton an un di 3. US-Arméi erënnert zenter 1954 d’Monument mat senger iwwerdimensionaler Bronzestatue an dem amerikanesche Fräiheetsadler. Um Enn vum 1. Weltkrich, den 22.4.1919 hat den Generol Pershing mam ’US Secretary of war’ hei iwweregens eng Truppeninspectioun vun 23.000 US ’Servicemen’! Dem Fausto Gardini säi Buch "American Aunt" ernimmt dëst an d’'headquarters’ vun der 33. Divisioun zu Dikrech an Ëmgéigend... (a gëtt domat net just der ’Luxembourg American cultural Society’ Satisfactioun.)

Säit November 1963 huet Ettelbréck d’Clinique St. Louis, a säit 1997 d’ëm 10.000 Metercaré grouss Foussgängerzon. Vill Wënsch erfëllen am multikulturelle Stiedchen 285 Geschäfter aus 88 Branchen. Dem Kär vun der “Nordstad”, dem drëtten Entwécklungspool vum Land säi ’Centre des Arts Pluriels’ presentéiert ëm 60 Manifestatiounen d’Joer. 2008 konnt den LTA, d’Ackerbauschoul, 125 järegt Bestoe feieren; dëser eelster Beruffsschoul am Land hir Schülerzuel goung vun 9 erop op ëm 650...!

P.S.Di ewell ernimmte Bounekiermes ass fir richteg d' Ettelbrécker Summerkiermes... Als Spottnimm haten d’Awunner ‘Ettelbrécker Gecken’, ‘Kierfmécher’ oder ‘Kuerbeleschësser’. An dem vum Vikar Müllendorff 1852 gegrënnte Gesank- a Museksveräin ware keng Gecken... en hat gläich 18 Sänger an schonn d’éischt Joer mat Begeeschterung un engem Concours deelgeholl.