Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Helzen

Wie kann d‘mënschlecht Gesiicht besser erëmginn, e Photograph, e Moler oder de Spiggel? Wéi de Picasso sech dës Fro gestallt huet, hat en de Skulpteur vergiess. Di 88 Figure vum Helzer Schnëtzaltor weisen, wéi e Kënschtler aus dem 16. Jh. sech biblesch Gesiichter virgestallt huet. Wahrscheinlech hat en Noper als Modell... wéi dat an der Konschtwelt dacks Usus war. Deemols hate Kënschtler kaum Bicher, keng Zeitung, keng Photo, natierlech och keng elektresch Luut a primitiv Aarbechtskonditiounen. Emsou méi staark war hir Imaginatioun gefuerdert – emsou méi sinn hir Wierker ze schätzen! Wéi de Schnëtzaltor entstoung hat de Michelangelo 69 Joer. Seng Aarbechtsprozedur kléngt einfach. «J'ai vu un ange dans le marbre et j'ai seulement ciselé jusqu'à l'en libérer.» - Legendäre Geschichten no konnte Männer op der Sich no enger Fra no spezielle Riten an engem Sprong an d’Helzer Quellewaasser aus sengem Rauschen e Numm eraushéiren!

Nieft der Helzer Kapell an där ewell am Joer 1200 dokumentéierter Quell leie Ruine vun enger Klaus. Hiren Alter wësse mer nët, just, dass am Laf vun der Zäit siwen Eremiten do gelieft hunn. Eng peepstlech Schrëft confirméiert 1474 den Hachiviller Marie-Pilgeruert; se gëtt Uerder d'Kapell ze vergréisseren an d'Quell eemol d'Joer ze seenen. Dat besonnescht ass der Kapell hire geschnëtze Retabel vu 1544. (Säin Original steet säit 1979 an enger neier Säitekapell vun der Helzer Kierch.) De wäertvolle Schnëtzaltor kënnt wahrscheinlech aus Brabant. Der Legend erno war e fir eng aner Plaz bestëmmt. Mä d’Ochse virum Won mam spéitgotesche Konschtwierk haten nom Drenken aus der Quell refuséiert weider ze goen! Spure weisen drop hinn, dass de spéitgoteschen Altoropbau fréier e Fliggelaltor war a bis 1896 Säitendiren hat. 88 eenzel Statuette beliewen de sechs Panneauen hir néng Zeenen. Dës stelle freedeg an traureg Momenter aus dem Marie-Liewen duer (an d‘Kräizegung als “point culminant”.) S‘erënneren u mëttelalterlech Mysteriespiller a gläichen de konschthistoresch bedeitenden Antwerpener Altär, mä hu ‘manner differenzéiert Draperien‘ (Georges Schmitt) a méi graff Zich. (De Figuren hir Gesiichter erënneren un déi vum Altor vun Amay/Meuse, verréit d‘Buch ‘Kierchen der Gemeinde Wintger‘ vum Claude Fandel. Vläicht kommen s‘aus deem selwechten Atelier..) Se sinn trotz hirer Schlichtheet beléift well ‘dat Wesentlecht dran ass‘, seet e Kenner. Di fréier zur Abtei Stavelot an zu Ouren an Niederprüm zougehéireg «Chapelle Notre-Dame de la Source Salutaire de Hachiville» zielt zënter 1980 zu eisem reliéise Patrimoine.

De wäertvollen Altor gouf 1846 fir d’éischt op der Lëscht vu lëtzebuergesche Konschtschätz ernimmt, a 1973 hu fennëf Caritas Timbre senger Zeene gewisen. Grëndlech restauréiert gouf en 1960 vum Bildhauer a Muséeesrestaurator Albert Hames. D'Figure waren eenzel mat spezielle Schrauwen hannenun der Altorwand fixéiert a stounge friddlech do bis den 3.August 1976! Trotz Alarmanlag sinn dunn 80 vu sengen 88 Figuren spuerlos verschwonnen, just déi iewescht stoungen den Déif ze héich. Mat Hellef vu Photoën a gudde Recherchen goufe se no zwee Méint erëmfonnt, deels an der Gare vu Gouvy, verpaakt a mat Destinatioun Saudi Arabien. Biller vum Schnëtzaltor an d'Story vum Abroch erzielt d’Spezialedition vun "de Cliärrwwer Kanton 2003". Dem Pronksteck seng Plaz ass wi gesot aus Sécherheetsgrënn elo an der Duerfkirich, d’Klaus huet eng Copie. De ‘Circuit autopédestre‘ Houffelt-Hachiville féiert bei d'Kapell am Bësch, 300 Meter vun der Belscher Grenz, a laanscht d'Quell, déi Aeleiden erliichtere soll; e kënnt bei d'Kierch a laanscht de Chantier vum geplangte Kanal Meuse-Moselle... (Dëse Projet gouf 1830 gestoppt, mä säi 500m laangen Tunnell an e Lëftungsschacht existéiren nach.)

Der Helzer Porkierch vu 1775 hire barocken Haaptaltor, d‘rokoko Säitenaltär and e räichskulptéierte Priedegtstull si méi al wéi de Bau. Seng Evangeliste goufen dem Carlo Hemmer d‘Impressioun, „unformell mit herabschlenkernden Beinen, den Ellbogen auf ihr jeweiliges Attributentier aufgestützt scheinbar mit gezückter Feder und aufgeschlagenem Buch auf die göttliche Eingebung zu warten!“ D‘Kierch krut an de 1920ger en Zwibbeltuerm nom Modell vun där Mierscher a 50 Joer drop abstrakt Fënstre vum Zanter. Hir an dem Interieur seng harmonesch Téin invitéieren an eng neigeduechte Welt, an där Alldeegleches verläscht a Poesie eng Plaz fënnt. Kierche-Patréiner vun Helzen ass den hl. Mäerten. Am Éislek gëtt et plazeweis op sengem Dag ‘wëlle Pangech’ a plazeweis gebrode Gäns.. Nozedroe bleift zur Geschicht vum Schnëtzaltor, dass den Abbé Nicolas Hardt an de "Wëntger Hengchen" glecklech waren en erëm ze hunn. (Deen Zweeten, de laangjärege Buergermeeschter, hunn d’Stater ‘sou genannt!) Dat schéinst Kompliment krut hien iwwregens vum fréieren Direkter vum Nationalmusée «Un homme de qualité, mais le plus obstiné que je n'aie jamais rencontré!»

P.S.: Zu Helzen un der Stroossegafel no der Leresmilen erënnert e Gedenksteen un néng Houfelter an Helzer Krichs-Affer. An de leschten Deeg vun der Rundstettoffensive goufe si brutal aus hirem Heem verschleeft... a ware fort, wéi mat engem Schnëtt aus engem Film geschnidden! Eng Pressessioun geet traditionell Sonndes nom Nationale Gedenkdag bei dat Monument. D’Aschrëft ‘Passant souviens-toi’ kritt dann duerch erzielte Biller ëm di tragesch Momenter en Hannergrond. E schlëmmt ’Schicksal’ mä e gudde Schutzengel haten Iwwerliewender aus dem Napoléon senger Russland-Campagne: déi zwee Bridder Henri a Michel Bourggraff vun Helzen ernimmt eng Internet-Trouvaille, eng Lëscht vun 86 Säiten.