Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Houfelt

Houfelt, an der Gemeng Wëntger, kuckt haut mat Houfert op säi schéinen Duerfkär. ’t huet nach e puer typesch Ardennerhaiser mat no Süde geriichte Giewelen.Et war 1462 ernimmt als Hoiffeld... Tëscht him a Stackem louch d’Lerresmillen, di 700 Joer bestoung an zäitweileg 3 Gebaier an zwee Mille-Rieder hat. Eng aner, de “Moulin Goffar“ ernimmt zu Houfelt d’Grondbuch vun de Grofe vu Lëtzebuerg... well si ‚plus ou moins 8 Mooss' ofgeliwwert huet. Kuerz drop, genee 1329, nennt en Akt de Ferry von Weiler Besëtzer vun der ‚Hoffelter Mühle’.

Houfelt hat 1672 mat Tratten a Moinet 50 Feierplazen. ’t gouf éischtmols 1315 dokumentaresch erwänt. 10 km dovun ewech am Arrondissement Baschtnech läit Houffalize. En Uertsnumm deen op ‚haute falise’ zréckgeet an 1176 romaniséiert gouf an ‚Hufalis’... Béid verstoppen eng ähnlech Wuert-Basis. Am 15. Jorhonnert war Houfelt eng Meierei (Mairie) mat 43 Dierfer... deenen di 1504 geschafe Postkutsche-Verbindung vum Rhäin an d’Niederlande duerch eist Land zegutt koum!

Eng Steierlëscht vu 1570 ernimmt eng Duerfkapell mam hl. Eligius als Patréiner. Se gouf ronn 150 Joer drop ëm- oder nei gebaut. Hir zwee Säitenaltär mat der Consolatrix a Sankt Donatus si vun 1770. D’Por Helzen war mat Houfelt bis 1803 beim Bistum Léck an am Dekanat Stavelot; duerno koum se bei de Bistum Metz an zum Dekanat Klierf. ’t war deemools (genee vun 1760 bis 1817) Sëtz vun engem Notaire a krut 1835 en eegene Kiercherot...

Zwee Joer no der Grondsteenleeung vun der neier Kierch, (no Plange vum Architekt J.P. Thill vun Dikrech ) war dann de 15. Juni 1958 hir feierlech Konsekratioun duerch Mgr Lommel. Den deels am Barock, deels am Rokoko skulptéierte Mobilier aus der Virgängerin gouf iwwerholl a polychroméiert. Di 2 Klacken si nei a weien 320 an 213 kg. D’faarwefrou 3 cm déck a Beton gefaassten net figurativ Glasfënschter an der Südwand ass 40 Metercarré grouss an zesummegesat wéi e Mosaik. Si ass e Bléckfank a grad ewéi den expressiv gezeechente Kräizwee mat de rout-grénge Konturen un der Nordsäit... vum Gust Zanter. - Zur Zäit vum Wiener Kongress war dat eenzegt Transportmëttel d'Päerdsgespan. Als besseren Transportwee hunn d'Hollänner d'Waassereeër gehalen an 1814 e Kanal geplangt tëscht Meuse a Rhäin. Dëse sollt duerch Houfelt komme fir duerno iwwer Asselbuer, Klierf, Kautebaach via Sauer bei Waasserbëlleg an d'Musel ze goen. Wéinst groussen Héichten-Differenze waren op 261 Km 218 Schleise virgesinn. 1828 hunn d'Arbichten op der heiteger belscher Säit ugefaang. Ronn 400 Männer, haaptsächlech Hollänner, hunn hei geschafft. Soe mer, dass jiddwer Arbicht um gewaltige Projet vun Hand ausgefouert gouf mat der Schëpp an der Pioche! Am Inventar vum 12. Dezember 1830 stinn 1100 Schëppen, 1679 eisen Schubkoaren an 505 aus Holz. De Projet gouf awer net realiséiert, mä en 1300 Meter laangt Tunnelstéck erënneren drun! 1964 gouf de Kanal zougeschott fir eng Strooss kënnen unzeleeën. Du war Houfelt no gutt 130 Joer net méi an "zwee gedeelt" oder wéi ufangs verbonne mat enger hëlze Bréck. Nach en Detail: Viru gutt 30 Joer gouf d’ “geräichert-Kennbaacke Stee”, begleet mat enger ’Antoniusdrëpp’,  vun enger Rei Vältesfrënn nees hei ageféiert.

P.S. D’Buch ‘Marianische Geographie’ erzielt, dass 1988 hei fir jidfer Kand aus der Por Helzen, Houfelt, Weiler eng ‘prénatal’ Mass um Gnodenaltor gehale gouf mat der Intentioun ‘ein glückliches Leben zu erbitten’. Nei war Mëtt August 2010 dann eng mystesch Nuechtwanderung mat Fackelen bei d’Klaus, 10 km laang …. mat Start beim Bartheshaus. (Ganz onpassend zu deem Owend kléngt e lokalen Ausdrock ...’ si luffen wi wann een hannenaan hinne wirr.‘) De Familljenumm 'Hoffel' an 'Hoffelé' baséiert an de Vogesen op Hoff, d.h. Haff an op 'Ferme'.