Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Neihaischen

‚Neihaischen‘ läit verstoppt hannert dem Findel an der Gemeng Schëtter an zielt 222 Leit. 1848 hat säin Deel am Bierg, genannt Neuhäusgen-haut, 57 Awunner an Neuhäusgen-bas koum op 53! De Begrëff ‘Häusgen‘ (mat g) definéiert en eelere Lexikon als “Kleines bewohnbares Haus, mit leichter Tendenz zum Idyllischen.“ Dëst bestätegt eng Goethe-Zeil vu 1776: ‘Hab ein liebes Gärtgen an der Ilm. Ist ein altes Häusgen drinne, das ich mir repariren lass..“ D’Birelerbaach leeft diskret laanscht d’Duerf.. duerch d'Naturschutzgebitt bei der Neimillen an dann zu Schraasseg an d'Sir. Un d‘Lëtzebuerger Scouten, déi Krichsaffer waren, gouf sech 2011 hei bei der Kapell erënnert. 60 Joer virdru sinn ufangs Mee am noe Steebroch d‘Steng gebrach gi fir hire Bau… a groussendeels Fräiwelleger hunn e gebaut.

D‘Lëtzebuerger Guiden a Scouten hunn eng besonnesch Relatioun mat der Kapell um Neihaischen. Ufangs vum 2. Weltkrich hunn nämlech hirer Membren, déi Resistenzler ware, geschwuer um Enn vum Krich eng Marie-Kapell ze bauen… A Présence vum deemolege „Chefscout“, dem Prënz Jean, huet de Bëschof Lommel de Neibau den 1. Mee 1952 feierlech ageweiht.… An dee steet vis-à-vis vum Camp Nicolas Rollinger als Monument fir d‘Affer vun der Naziherrschaft.“ D’Klack am oppenen Tiermchen hat eng Sammelaktioun vun de ‘Wëllefcher finanzéiert! Am Raum falen ënner den neng adrette Spatzboufënstren mat Rautemuster hirer zwou op mat Motiv vum Fuuss an enger Hand déi schwiert. De Schutzpatréiner vun de ‘Pfadfinder’, den Hl. Georg, hat de Baden-Powell gewielt.. well en als eenzege Ritter ënner den Hellegen beispillhaft war fir ritterlecht Verhalen!

An där privater Notre-Dame des Bois-Kapell um Bord vum Duerf a Bësch bestuede sech fréier Scouten, gi Kanner gedeeft a Kiermes ass do den 20. November! - Nach präzis Zuelen zum Krich: an him goufen 27 Scouten erschoss, aacht sinn am Prisong gestuerwen, 66 un der Front gefall a ronn 27 bloufe vermësst. Zwangsrekrutéiert waren der 476. An 221 waren der a Prisongen a Konzentratiounlageren agespaart. 121 gounge bei d’Alliéiert an, net ze vergiessen, ëm 500 waren aktiv an der Resistenz. (De fréiere ‘Commissaire général‘ sot Joeren no där schwéierer Zäit..„De Bau vun dëser Kapell huet gehollef Wonnen ze heelen“.)

Um Neihaischen gehéieren 3ha vum noe Bësch an eng Campplaz vu 50 Ar de 1994 fusionéierte „Lëtzebuerger Guiden a Scouten“. Wichteg ze soen: Dës hunn am Januar 2001 eng Conventioun mam Ëmweltministère ënnerschriwwen, bezunn op d‘nohalteg Exploitatioun vum Entourage an d’ Verwaltung vun hirem Keltenhaus. De restauréierte Chalet läit just 10 km vun der Stad, ass gutt équipéiert an huet engem Pressekommentär no.. zum Gléck seng ‘Séil‘ (genee d‘Padfannerséil‘) behalen. (Scout heescht a Wierklechkeet “Spurenleser”!) Mat breetgefächerten Aktivitéite ginn hei Jugendlecher zum respektvollen Ëmgang mat der Natur erzunn. Um aktuelle 25 op 13 Meter grousse, bal zéng Meter héigen authentesch opgeriichte Keltenhaus aus Naturmaterial hu Jonker dräi Joer gebaut. Et soll „Wäerter vermëttelen“ an d’Traditioune vun Naturvölker no bréngen. De beléiften „International Celtic Festival Bealtaine“ huet säit 2008 hei keltesch Konscht- an Handwierk presentéiert... (vu muskulöse ganz geschéckte ‘Kelten’ mat duerch Kalleckwaasser gebleechten Hoer.) D’Fest ass entretemps esou grouss ginn, dass et nëmme nach all zwee Joer organiséiert gëtt. Dofir ass ëmsou méi Zäit fir Erliewneskolonien, Summer- an Abenteuercampen..

P.S. De Lord Baden-Powell hat d’sougenannt ’Pfadfinderbewegung’ de 29.7.1907 gegrënnt; säi Buch-Konzept aus ‘Scouting for Boys‘ gouf um éischten Zeltlager op der südenglescher Brownsea-Island praktesch getest (mat 22 Jongen aus verschiddene soziale Schichten.) Säi Prinzip housch ”Learning by doing“ an d’Uniform war fir d‘Zesummegehéieregkeetsgefill geduet. “The real way to get happiness is by giving out happiness to other people, sot hien an “Versicht d‘Welt e bëssche besser ze hannerloossen, wéi dir se virfonnt hutt", war säi leschte gudde Rot. De ‘Chalet Nicolas Rollinger’ ass nom grousse Förderer vum lëtzebuerger Scoutismus benannt. - Internet-Recherche brénge bei Neihaischen 13.700 Resultater‘ - z.B. vum ‚Schweesspad‘ an aner Promenaden.. iwwer Leit, déi ausgewandert sinn bis bei d’Keltenhaus a Scoutefester.