Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bill

Bill heescht e Grappvoll Haiser mat 14 Awunner a 6 Menagen um Fouss vum Helperknapp. Sie hu laang zur Béiwener Gemeng gezielt, déi 1795 mat ‘Boewingen/Atert, Schleidermühl, Grevenknapp, Finsterthal, Bill et Brouch’ constituéiert gouf. (D’laang eegestännegt Bëschdref koum 1823 dobäi...) Well Strukturreforme méi Spillraum ginn fir z’investéiere koum am Januar 2018 d’Fusioun mat der Gemeng Tënten. Se goufe sech den Numm Gemeng Helperknapp mat Sëtz zu Tënten. 110 Joer virun där Zesummeleeung, d.h. 1908, war nobäi eng Réimervilla fonnt ginn. Ee wierklechen Highlight um Enn vun den 1960ger war do dann d’Découverte vu reliéisem Patrimoine, engem bedeitenden Tumulus! Erëmentdeckten al Monumenter an al Nimm verbannen eis net nëmme mat fréiere Generatiounen, se sinn och e wäertvollt sproochlecht Kulturgutt. (Nach ze soen: dem Telefonsbuch vun 1988 no hunn bestoungen do zwee Bauerebetriber.)

De remarkable gallo-réimesche Grafhiwwel südlech vum Bill staamt aus dem 3. Joerhonnert. Den ursprénglech 6–7 m héijen Hiwwel sollt eng niddreg Réngmauer aus Sandsteng ëmfaassen. Dat speziellt: an hir war no Südwesten hinn e Grafaltor agebaut, an deem eng Urn Plaz hat. (Dem Staatsmusée säi Gruewungsdéngscht hat dësen Altor um Fouss vum Helperknapp rekonstruéiert a mat den do fonnte Steng encadréiert. D’Wander-Heft vum Evy Friedrich beschreift deen 1969 fräigelueten Tumulus mat de 24m Duerchmiesser. En hat op der Spëtz eng Zort Pinienzap oder e klenge Menhir (... oder vläicht e Bilsteen? Bilsteine houschen „Urteilssteine“ op süddäitsche Geriichtsplazen.) - Aner mystériéis Infoen dréien ëm e Keltesche Schutzwall op der Héicht vum Helperknapp an ëm Spure vun enger Fliehbuerg beim Féinsterdall. Dem 814 zu Oochen verstuerwene KAREL de GROUSSEN säin Numm goung um Helperknapp an d’Geschicht an... mä net d’kleng lokal Herrschaften. - D‘Kapell um ‘Mons Salutis’ hat 1351 als éischte Geeschtlechen den Thome de Heilperch, an e sollt Béiwener- a Bëschdreffer Leit unzéien. An 1427 goufe Leit virum Maartbesuch um Helperknapp gewarnt viru Stroosseräiber! Vun 1571 ass d’Remarque: En St. Helpert gëtt et net... och wann en alt emol mat den ‘Nouthelfer’ genannt gouf. (Lascombes.)

’t gouf fréier heirëmmer wahrschéinlech tselwecht opgedëscht wéi a Käercher Zeile vun 1662: ‘am Rententag Supp, Erbsen mit Speck, Schweinefuss oder ‘geplissene Ohren mit Muss oder Wirtzelen’, am Alldag Kuerbrout, Kéis an déck Zopp. Dass et munche Leit net besonnesch gutt goung verréit d’Notiz dass ‘Holzfrevel’ schwéier z’ënnerbanne wär. Beim Verkaf vun de sequestréierten Useldenger Bëscher (fréier Besëtz vun den Ansemburger an Iewerlenger Herrschaften) ass de 26.06.1800 en 9,27 ha grousse Bësch ‘Bill’ um Bann Reckeng-Miersch ernimmt. (J. Hellbach) - Vun ‘Kirchenraub’ gouf 1811 geschwat. Um Heilberg-Helpert (an ë. a. zu Äischen, Bettendref, an Housen) hat ‘Gesindel’ d’Meenung duerch d’Revolutioun wär ‘Kirchengutt herrenlos’. (Jos. Hess) - Bill steet net op der Ferraris-Kaart mä de Bierg ‘Helper’ haten d’Kaartenzeechner schéin duergestallt mat der fréierer Bëschdrëfer Porkierch. Recherchen zum Uertsnumm erwähnen de Familljenumm Bill an Elsass-Louthrengen. Zu Lëtzebuerg daucht dësen 1890 an der Statistik 28 mol an 1984 souguer 35 mol op.) E gëtt och als Ofkierzung vum germanesche Bilhard ugesinn. (J .Tosti) AlsVirnumm geet Bill bekanntlech op William zréck. Dem Band 5 vum Lëtzebuerger Dictionnär no bedeit, «sech de Bill stellen» tselwecht wéi «sech de Batti stellen»!

Dem Dicks säi Buch «Luxemburer Sagen und Legenden» vun 1882 bréngt eis ë. a. bei de Karel de Groussen, en Herrscher mat grousser Bildung an dem Bäinumm ‘Pater Europae’. (+814) (D’France Gall-Lidd ‘Sacré Charlemagne’ erënnert am Teenager-Jargon {Qui a eu cette idée folle... un jour d'inventer l'école} u seng Verdéngschter.) Als jonke Mann mat Schwindsucht krut dem Pippin säi Jong vun engem Abt ‘Gottvertrauen an Reesen’ ugeroden! En huet an der deemols kaum bewunnten ‘waldigen Gegend von Helpert’ no enger ustrengender Juegt e puermol Waasser vun der Quell vum Willibrordus (+739) gedronk an war duerno geheelt. (N. Gredt) Haut fillt sech d’«Fondation Sclérose en Plaques Luxembourg» wuel um Bill. Do ginn am modernen 2005 ageweiten Centre d’Accueil vum MS-Day-Center» Leit mat multipler Sklerose ëmsuergt. Aus dem Bauerenhaus dernieft gouf eng maison de vacances. - Aanres nach: Kleng Uertschaften hu relativ grouss Fläche mat ‘terres de culture’ opweises. 1903 hat d’Gemeng Béiwen/Atert 1251 Hektar an 2001 zwee ha méi. (D’Gemeng Mamer koum am Vergläich 1903 op 2104 an ronn 100 Joer drop nach op 1234 Hektar! (Recueil Statec)

Haut schlängelt de 7 km laange Circuit-pédester Bëschdref sech laanscht de gallo-réimeschen Tumulus, de Gréiweknapp an den Helperbur bis op d’Héicht vum 388 m héijen Helperknapp. Am Ausland existéiert e Bill am Zentrum vun der Côte fleurie, aacht Kilometer vun Deauville an d’spuenescht Bilbilis war d’Heemecht vum Poet Martialis. (+104) Net vun him, mä aus dem Manuskript vum J.F. Kennedy senger geplangter Dallas-Ried staamt de Saz ‘Let us stand together united in our heritage of the past and our hopes for the future’. - Dëse gëllt souwuel fir kleng Dierfer wéi fir grouss Stied, fir d’Leit an d’Gäscht vum Bill a fir der Gemeng Helperknapp hir 4.378 Awunner. - ‘t passéiert am Alldag wéineg aussergewéinleches um Bill; mä wär eppes do, kéinnten d’Neiegkeeten dëst via Radiosendung an enger siwentell Sekond ronderëm den Erdball joen! (Reader's Digest)