Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Openthalt

D’Haiser hanner dem Uertsscheld Openthalt loosse sech op enger Hand zielen. Se leien allerdéngs e bësse verspreed an zielen zur Gemeng Béiwen un der Atert. Obenthalt läit um C.R.116 do wou d’Weeër Bëschdref a Gréiweknapp sech kräizen - an op 321 Héichtemeter Den Numm kéinnt op engem Flouernumm baséieren, op ee vun den ale Begrëffer mat ‘vielseitigem Zeugniswert’. D’häiteg 13 Awunner an 8 Menagen vum Openthalt stelle knapps 0,50 % vun de Gemengenawunner duer. - De René Engelmann gesouch am Openthalt eng Stellebezeechnung bei Bëschdref mat der Prepositioun om wéi z.B. Om Houwald. An den Nopeschlänner gëtt dësen Uertsnumm mat b geschriwwen, bei eis mat p! D’nom Prënz Hary genannten Zuchstreck, d’Atertligne, goung duerch de pittoresquen Atertdall. Se war de 17. Abrëll 1880 ageweit ginn an zwou vun hire Garen, déi vu Béiwen a Biissen louchen zimmlech no beim Openthalt.

Den hei beschriwwene ‘Weiler’ oder Lieu-dit war ëmmer en ‘endroit de faible étendue...’ um Bord vum Jongebësch. D’1990 publizéiert Buch ‘Schueberfouer’ vum Cludem (dem Centre Luxembourgeois de Documentation et d’Etudes Médiévales) beriicht, dass de Jang de Blannen Händler an Handwierker mat Stänn um Helpermaart ënnerwee e gewësse Schutz versprach hat. Am Mëttelalter war dee berühmte Maart just zufouss oder mam Päerd z’erreechen. Huet en wéi d’ ‘Schueberfouer’ vill Händler ugezunn läit et no dass d’Maartleit op der leschter Etapp nobäi e sécheren Halt oder Logis gesicht hunn… An déi Plaz hätt kënnen am Volleksmond Obenthalt heeschen! 1496 krute Stater Gierwer a Schousteren d’Recht op Helpert ze goen a 1542 Pelzer (d’Pelletiers) an Kreemcheshändler. Hir Wueren haten ewell virdrun ‘Zonftleit’ kontrolléiert. Zeilen iwwer ‘Bräich, Sitten an Awerglawen’ verrode weider Detailler! ‘De Maart konnt ufänken nodeems d’Esch/Sauer Häre beim Huelmesser Riichter passéiert, wa korrekt Drechen- an Flëssegkeetsmooßen do waren an där zu Troyes virgeschriwwener Gewiichtsmooßen! An ouni Erlaabnes vum Esch/Sauer Riichter duerft kee Wäin verzaapt a vun de Käch kee Feier ugeblose ginn. A Bäcker mat Broutkaren hu wéins dem zollfräien Handel ee Brout missen ofginn. (Pol Tousch)

Den Dag nom Maart kruten d’Esch/Sauer Hären am Useldenger Klouschter z’iessen an ze drénken; hir Päerd kruten Hee an Huewer. D’Openthalter Leit konnten d’ ‘Ritualer’ ëm d’Ouvertüre tëscht Hären an friemen Händler materliewen, hir Schéiere schläife loossen a muunch rar Wuer gesinn. Um éischte Méindeg am Mee war do joerhonnertelaang Undrang. Et war jo méi do wéi eng Handelsplaz. Do hu sech ënnerschiddlech Gesiichter vun der deemoleger Epoch gewisen, d.h. ‘ausgelassenes Treiben und tief gelebte Frömmigkeit.’ D‘noWillibrordusquell hat der Soo no den 739 verstuerwenen éischten Iechternacher Abt geseent. - De Maart blouf net ëmmer op där Plaz mä den Numm ass bliwwen. En hat ale Biller vun fréiere Mäert geglach. Mä wéins dem beschwéierleche Wee op de géien Hiwwel gouf en 1832 an de Fënsterdall verluet an 1923 op Miersch. (Dee spéider op Bëschdref deplaçéierte ‘mëttelalterlechen Event’ hat 2019 säi 25. Anniversaire.) Mëttlerweil organiséiert d‘Entente Helpermaart mat hiren néng Veräiner aus der Gemeng Béiwen-Atert dat impressionant Duerffest! De Maart war fréier sécherlech wichteg fir Openthalt, Bill an Gréiweknapp. Mä war en eriwwer... huet do d’Spréchwuert gepasst ‘D'Aarbecht leeft net fort wann‘s du dengem Kand e Reenbou weist.’

D’aktuell Helper Kapell staamt aus dem Joer 1900 an d’Holzstatue vun der Schmäerzensmamm aus dem 17. Jh.! Si an d’Quell zielen zu de bedeitende Punkten aus dem Zentrum vum Land. Beim fréiere Café Openthalt geet eng 7 km laang Promenade fort. Hire Wee féiert via Fënsterdall a Riichtung Tumulus, laanscht de Camping Gréiweknapp a Bëschdref erop op d’Héicht an duerno zréck op d‘Strooss. D‘Landkaart ernimmt och d’no Barrière de Reckange, déi bis 1967 gedéngt hat. - Wéi iwwerall gouf d’geographesch Lag den Däller an opfällegen Erhiewungen aus der Gemeng Helperknapp hiren Numm. Noper vun hirem héchste Bierg sinn de Bill- an de Bricherknapp; se kommen awer net an de Schied vum méi südlechen Zolverknapp (mat den 422 Meter.) Op den ale Kannerreim ‘Gäs de mat/ op de Knapp/ Holz haen/ Bire knaen/ Dëppe géissen/ Huese schéissen’ (Wierderbuch, Engelmann) nach bekannt ass? - Liest een eppes iwwer de Foyer vun Inter-Actions mam Numm ‘Foyer Obenthalt’ ass dëst eng ‘structure de logement d’urgence’ zu Bouneweg an der rue du Puits. (An hire Wänn sinn 12 Zëmmer mat 2, an 2 mat 4 Better disponibel.)

P.S. Leit déi ronderëm den Helperknapp wunnen approuvéiere wahrscheinlech de Sproch «Lobe die Berge und bleibe im Tal.» Och do fënnt een hires Patrimoine, ënner aanrem en Tumulus an e relativ verwittert Weekräiz. Dictionnären iwwersetzen Openthalt mat Séjour. Erausgepickte Wuertbeispiller an deem Sënn sinn: ‘Bei sengem leschten Openthalt zu Veianen, (d.h. 1871) hate Gedanken iwwer vereenegt Staate vun Europa de Victor Hugo beschäftegt...’ (A. Link, «Les Renards de Vianden».) Oder ‘en Openthalt an der Sonn soll een an der Mëtteszäit vermeiden.’ (Météo). - D’Susanne Jaspers hat emol ‘in gespannter Erwartung’ e Kuerztripp a verschlofen Näschter gemat. (Si gesouch an dësem da fennëf Gebaier, en Trafohäischen an e Busarrêt - verdeelt ëm eng Stroossekräizung - an e Stoppschëld un deem eng Poubelle houng. Bis zum Enn vun den 1970ger bestoung do ee ganz beléiften ‘urege’ Café... (erzielt ë. a. d‘Buch ‘Mit Jean-Claude auf der Hühnerstange’.)