Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Welsdref

D’Gemeng Kolmer-Bierg hat den 20. Mee 2019 genee 189 Welsdrefer Leit registréiert. Si liewen am Zentrum vum Land an hunn de code postal 7737, dee selwechte wéi  de Centre de Formation fir Chaufferen.Dëse bidd an der rue François Krack, 4, nieft normalem Fuersecherheetstraining eng Teststreck un a Stagen an 7 Sproochen fir Automobilisten an Motocyclisten... Dem Guttland seng komfortabel Dierfer sinn heefeg ëmgi vu Bongerten. Se stinn méi no beieneen wi déi am Norde vum Land a genéissen méi en douce Klima wéi d’Éislek. D’Kanner vu Welsdref besiche bei all Wieder d’Schoul vu Kolmer. An d’Leit ginn duer an d’Kierch mat den historesche Fënstren, déi tëscht 1892 an 1920 entstoungen; se sinn um Site http://glasmalerei-ev.net/pages/b2066/b2066.shtml presentéiert.

Vum ale Welsdref ass net vill gewosst.’’t steet op der Ferrariskaart nërdlech vu ‘Berg’ als Hau Velsdorf! Dës Kaart entstoung a Friddenszäiten… Geschwënn no hirer Fäerdegstellung liese mer aus den Ufäng vum Klëppelkrich, dass deemols nom Poopst Pius VI. och de Bistum Léck den Eed verdaamt hat. 1796 awer sollt eng erzbeschéflech Generalvikariats-Veruerdnung vum Bistum Tréier den Eed fir erlaabt erkläeren. (Duerno gouf beispillsweis zu Bissen, Noumer an Ettelbréck den Eed geleescht. (Pol Tousch, Buch ‘Klöppelkrieg’.) ’t stoungen deemols Kanounen um Rouscht. E gutt halleft Joerhonnert duerno huet den Abraham Lincoln (+ 1865) d’Sklaverei an den USA ofgeschaaft. Vun him staamt de Saz «Wat zielt sinn net d’Joeren, déi ee gelieft huet, mä ‘la vie qu’il y a eu dans les années.’ Lëtzebuerg gouf 1867 neutral a vun 1892 datéiert den éischten Traktor mat Benzinmotor; (en dampgedriwwene Lokomobil bestoung ewell 1885.) Zu Welsdref sollt allerdéngs deen éischten echte lëtzebuerger Trakter Päerd an Ochsen ofléisen. D’fortschrëttlech Bauere-Famill Krack vum Brosiushaff (bei Bierg) war op fir innovativ Iddien!

De Bau vum 1. Traktor (System Krack Welsdorf) vu Lëtzebuerg huet eng intressant Geschicht. 1901 hat de Bernard Krack vum uewen ernimmte Brosiushaff d’Baugenehmigung ugefrot fir en ‘atelier de construction de machines agricoles avec machine à vapeur’ fir säi Fils François. D’Adresse (Franz Krack-Schroeder), Colmar, 13 rue de Luxembourg huet zum Atelier vun der (Maison Schroeder–Conrardy gepasst...) 1903 goufen d’néideg Gossdeeler fir d’Maschine an der Géisserei Weber hiergestallt... (Vun 1903 datéiert och d’Photo vum éischten Auto (dem Benz - Victoria) op der Stater Adolphe Bréck. Um Steier: Paul Maylé, nieft him J.-P. Klein, a vir de Franz Krack, de Keefer vum Auto.) An 1912 war e grousse Moment: deen zu Lëtzebuerg gebauten Trakter gouf am Schlasspark vu Kolmer-Bierg beim Méien photographéiert! (D’aktuellt Schlass, d’Groussherzoglech privat Residenz, war 1911 fäerdeg.) (www.Industries.lu.) D’Suite: 1918 koum d’‘Demande pour machine à vapeur’ vum erfinderesche Welsdrefer Mécanicien Krack François, 4 rue de Grenzingen. An kuerz drop wollt hien d’Autorisatioun fir eng Brennerei. Vum Henry Ford, deen ewell mat 15 Joer en dampbedriwwene Motor gebaut hat, staamt iwwregens de Saz «D’Begeeschterung ass d’Basis vum Fortschrëtt!» Weider nei Krack-Konstruktioune waren mobil Seemaschinne fir Holz ze schneiden!

1948/49 dokumentéiert d’Industriegeschicht zu Welsdref dem Franz Krack (1881-1973) seng ’Fabrique de briques’ an hir patentéiert Zillepress. D’Firma hat d’Telefonsnummer 5539 (an ass presentéiert op https//industrie.lu/KrackWelsdorf.html. Net ze vergiessen, no dem lokale Pionéier gouf eng Strooss benannt. (Hien an den nom System Krack zesummegesaten Trakter goufen an hirer Glanzzäit veréiwegt mat der Famill am beschte Fuedem. - Zimmlech aktuell zu Welsdref sinn d’modern Velos-piste, d’PC 12, an d’attraktiv Passerelle fir d’ «douce Mobilitéit» iwwer d’Uelzecht. Den nationale Portail des marchés publics beschreift de Bau vun där apaarter Bréckekonstruktioun. Cyclisten, Spazéiergänger oder och Passanten aus dem Zuch kënnen si an och d’Vue op d’Landschaft genéissen, déi sech an de Kéieren «heiter dreht wie eine Platte auf Gottes grossem Grammophon». (E. Kästner) D’Passerelle steet net wäit vun e puer schmuelen Uelzecht - ‘Inselen’ an nobäi läit d’modern Gemengepiscine ‘Nordpool’! Hiren Numm verréit, dass si zum ‘Ballungsraum’ vun der Nordstad zielt! D’Landkaart markéiert d’no Grenz tëscht de Kantone Miersch an Dikrech an d’Distanz zur Stad mat 22 an zur Minettsmetropol mat 45 km.

P.S. Méiglecherweis huet den Numm „Wels“ keltesch Originen. En iwwer 400 Joer aalt Schlass Welsdorf läit an Éisträich am Steireschen Thermenland. Do wéi hei gëtt bei Numm-Analysen de Wels entdeckt, de bäertege Fësch - an ’Landschaft als Polyculture mat Cerealien, Wisen a Weeden verglach mat engem liewege Mosaik. (Dësen huet haut wuel aner Dimensioune wéi fréier... (1934 goufen 9/10 vun eiser ‘landwirtschaftlecher Produktioun’ landesintern konsuméiert. 1935 hat d’Publikatioun iwwer de Grand-Duché op der Internationaler Bréisseler Ausstellung een Drëttel vun eiser Bevëlkerung als Agriculteur bezeechent. Dem François Krack, dem lokale Maschine-Bauer säi Schaffensäifer huet lues a lues gehollef schwéier Aarbechten z’erliichteren! Mënsche wéi hien weisen dass Fortschrëtt animéiert gewinnte Gedankegäng opzeginn!