Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Huldang

D‘Éisleker Landschaftsbild präge Koppen, Bëscher an déif Flossdäller. Kleng Wee-Kapelle sinn do e Steck ländlech Baukultur a verdanken hir Existenz dacks privaten Initiativen. Huldang huet där véier onopdrénglech um Bord vun der Strooss. Et läit 6km nërdlich vun Ëlwen a 5 Minutte vu der belscher Grenz - wou ‘t op der Schmëtt tëscht 1839 an 1919 en Dräilännereck gouf; (d’Maarken LBN 75 an LB 286 stinn nach do.) D‘Ferraris Kaart weist et zimmlech detailléiert als Holdingen an zwee Deeler. Am Joer 1900 hat d’Duerf ronn 200 Awunner a 4 Café'en. Haut ass ‘t mat 450 dat zweetgréisst an der Gemeng. 't kënnt ee sech tëscht Huldang a Rëmeljen en imaginäert Schëld virstelle mam Hiwäis op d‘gréisst Nord-Süd-Längt vun eisem Land. 1865 hat iwwregens ee Rëmelenger eng ‘Concession d’exploitation de minerai de fer’ um Huldanger Territoire ugefrot; hie wollt do d’éischt Ardenner Erzlager entdeckt hunn!

Duerch Huldang goung fréier d‘Réimer-Streck Reims-Köln. ‘t gouf am 9. Jh. als Hullingen mat der Urpor Beeslek an den Nopeschdierfer Godingen (Goedange) a Beveras (Biwisch) e puermol mentionéiert, do stoungen nämlech Geschichtsschreiwer no ‘des fermes de quelque importance’! Et huet fréier zur Herrschaft Clierf gehéiert. Seng Awunner haten am Laf vum 30 jährege Krich besonnesch Suergen. Notizen no hunn d'Leit sech tëscht Chrëschtdag 1647 an August 1648 viru räibereschen Zaldoten an de Bëscher verstoppt. Ob een duerno am relativ rouege Norde vum Land nees "di grouss Rouh vun der Natur héiere konnt" - fir Wierder vum Goethe ze zitéiren - ass schwéier soen. D‘grouss ‘Kälsch‘ oder ‘Haupeschpressioun‘ geet zanter 1720 vu Lendersdorf duerch d’Äifel an d‘Éislek op St. Hubert. D‘Huldanger a Beesleker kenne se gutt, Donneschtes no Christi-Himmelfahrt ass zu Beeslek eng extra Pilger-Mass. Dës lescht international Wallfahrt an Europa dauert 8 Deeg an zielt jäerlech iwwer 60 Leit. Speziell dobäi: en Trakter mat gedecktem Won (mat Baasch) begleet se, an ploen een wéih Féiss da gëtt e geféiert.

D‘Isidor-Kapell hat 1788 hir baufälleg Virgängerin ersat. Ale Bicher no haten 13 Sang- an 52 Liesmassen hir deemols 46 Gulden abruet. Den Isidor vu Sevilla gouf 2001 Patréiner vum Internet – seng 20 Bänn déck Encyclopédie hat ëm 623 der mëttelalterlecher Welt antikt Wëssen weidervermëttelt. (Schéin vun engem, deem säin Numm "Geschenk der Göttin Isis" bedeit.) De spéider op 80 Plaze vergréisserte Bau krut 1873 de Rang vun enger Porkierch. D‘aktuell Huldanger Kierch aus den 1950ger ass aus Éisleker Brochsteemauren wi d'Clierfer Abtei, hire separaten Tuerm ass historesch. D'Niewenaltär aus de Säitekapelle sinn nei, de restauréierten Haaptaltor staamt aus dem fréiere Bau. De Chouer läit véier Trepplecker méi héich wi d'Schëff. D'abstrakt Kierchefënstren vum Barillet vu Paräis hu reliéis Symboler wéi d’Schof oder Äeren a strale mat hire Eisebeton-Faassungen Stabilitéit aus. D'Relieffer an der Virhal vum Charles Kohl goufen no engem Gipsmodell bei Chaux de Contern a Beton gegoss; se representéieren den hl. Jousef als Beschützer vun den Handwierker. D’konschtvoll Kräizweestatiounen aus Email si Kreatioune vum Marc Gimat, hänken all op enger Säit a wierke wéi e goldduerchwieften Teppech. (D’Duerf mat prozentual de meeschte Geeschtlechen am Land huet also e Lien mat de Kapellen vum Härebierg a vum Bëschofshaus: hir Statiounen droen tselwecht Signatur.) (aus de ‘Kierchtuermspromenaden‘.)

E schwaarzen Daag hat Huldang 1941, op Groussherzogins Gebuertsdag haten 11 Huldanger an 3 Wëlzer gefeiert a koumen op Hinzert. - Enger flotter Initiativ aus friddlechen Deeg verdankt d'Duerf en 21 Minutte Kuerzfilm mam Titel "Burrigsonndeg zu Huldang". En hält d'Organisatioun vum Buergbrennen vun 1973 fest no engem Scenario vum Alain Atten - an ass anengems en intressanten Duerfportrait. Apart ass den alen Ausdrock “sech brëllen”, wat Mondaartfuerscher erkläere mat ‘de Brëll erbäi huelen’! Beim Opsiche vun den héchste Punkten an Europa stoung de Wolfgang Schaub 2005 eemol mëttes virum Huldanger Waassertuerm. D‘Klacken hu gelaut, e Schëld huet d‘Burrigplaz mat 558,35m ugewisen an seng Landkaart den noe Flouer Kneiff mat 560m. D’offiziell Äentwert op seng Nofro koum no der leschter topoghraphesch-photogammetrescher Opnahm vun der Kadasteradministratioun. Dës gëtt d’Héicht vun der Burrigplaz mat 558,76m un an d’Colline Kneiff mat 559,77m. (9.12.2008) (E-Book ‚Von nun an geht's bergauf‘) Verglach mat eisem déifste Punkt zu Wasserbëlleg besteet do eng Differenz vu 430m. 't gëtt hei net nëmme Burrig gesot, mä och "Koochwuuscht" fir Mettwurscht ,"Kirrfeld" fir Kirfech an fréier "Konstabler" fir Gendarm (wat am Ausland "Ënneroffizéier" oder Wiechter gläich kënnt!

Den intressanten Huldanger Waassertuerm huet eng Plaz an der Online Waassertuerm-Galerie. Op der "Burrigplatz" passéiert de Radwanderwee "Vennbahn" Oochen-Ëlwen. Dëse ‘längste grenzüberschreitende, zusammenhängende Rad- und Wanderweg Europas auf stillgelegten Eisenbahntrassen‘ goung Ufangs Juli 2013 op. (Den 125 km laange Wee ëmgeet de Fliedermaus-Tunnel.) - D‘ëmmerhinn 47km laang Piste cyclable du Nord PC21 féiert vun Huldang via Klierf op Kautenbach a. d. Ensch. En ale Plaidoyer fir de Velo schreift ‘il permet un enchaînement d’impressions’ an ‘le cycliste peut jouir d’images du monde extérieur qui se succèdent rapidement.’ (G. W. Dedolph) Zu Huldang maache wahrscheinlech selten aussergewéinlech Erliefnësser glécklech, mä onspektakulärer. D‘Matheis Kiermes ass ëmmer nees flott. A gëtt sech do Zäit fir e ‘Schmack’, d.h. e Schwätzchen oder eng “Sëtzecht” gehol - verleeft déi selten ouni “beroocheren“, d. h. Schmeecheleien. Vläicht kéinnt dobäi emol der aalfranséischer Silb ‘hul‘ hire méigleche Rapport mat Eilen analyséiert ginn. (J. Tosti).